{"posts":[{"post_id":15,"title":"CISM – Video","content":"","featured_image":"https:\/\/cism.lu\/admin\/wp-content\/uploads\/2016\/10\/Foto-16.11.16-17-20-26-copie.jpg","video":"jt_Jz2BhtdU","parent_hash":null,"page_hash":"","slug":"media-1","date_add":1480159660,"date_updt":1480434497,"orderindex":0},{"post_id":63,"title":"CISM – Chr\u00ebschtdag Video 2016","content":"","featured_image":"https:\/\/cism.lu\/admin\/wp-content\/uploads\/2016\/12\/P1010407-800x533.jpg","video":"lKRZcL-L560","parent_hash":null,"page_hash":"","slug":"chreschtdag-2016","date_add":1480931342,"date_updt":1481107663,"orderindex":0},{"post_id":70,"title":"CISM – Mannequin Challenge","content":"","featured_image":"https:\/\/cism.lu\/admin\/wp-content\/uploads\/2016\/12\/P1010420-800x533.jpg","video":"-ezd003DDpg","parent_hash":null,"page_hash":"","slug":"cism-mannequin-challenge","date_add":1481107629,"date_updt":1481107880,"orderindex":0}]}
News
Opening Days vum CIS Mensdorf – 18. an 19. Juni 2022
01 Mai 2022
Den 18. an 19. Juni ass et esou wäit: grouss Aweihungsfeier vun der neier Pompjeeskasär vum CIS Mensdorf op der Rouduecht, organiséiert vun der Amicale vum CIS
De Programm am Iwwerbléck:
18. Juni (ab 14h00): Bodykicker-Tournoi fir Pompjeesekippen
18. Juni (ab 20h00): grouss Opening-Party mat DJ am Zelt
19. Juni (ab 11h00): traditionell Porte Ouverte mat Grillfest an Animatioun de ganzen Dag
De Programm am Detail:
SAMSCHDES, 18.06.
Bodykicker-Tournoi
14 Ekippen vun 5-8 Leit (1 Goalkipp + 4 Feldspiller + max. 3 Ersatzspiller), Mindestalter: 16 Joer
Start: 14h00 / Finall: 20h00
Wichteg: Et kënnen nëmmen Ekippen vun aneren Pompjeescorpsen deelhuelen.
Umeldung: info@cism.lu
Opening-Party
Uschléissend: Mega Party am groussen Zelt
Stëmmung garantéiert / Special Drinks / DJ
Start: 20h00
Entrée: 5€ (gratis fir d’Ekippen)
SONNDES, 19.06.
Porte Ouverte
Programm:
Geféiert Visitten duerch den neie Pompjeesbau / Ausstellung vun eisem Material an de Gefierer / Virféierung vun eise Jugendpompjeeën (14h00) / Kanneranimatioun a Sprangschlass / Concert-Apéro vun der Menster Musék (11h30) a Concert am Nomëtteg vun der Ouljer Musék (14h30)
Iessen & Gedrénks:
2 verschidde Platen op Reservatioun:
Menu A: Waarm Ham mat gebootschte Gromperen (18,00€)
Menu B: Roud Rommel-Knödel Botter-Salbei-Zooss (17,00€)
+ Zalotevariatiounen
+ Taart
Reservatiounen bis spéitstens den 10.06. iwwer: info@cism.lu oder 621 317 701 (MO-FR 18h-19h)
🎶 „T’ass Kiermes am Duerf, an de Spillmann ass do…“ 🎶
30 Oktober 2021
🚨D'Amicale vum CIS Menster léisst eng laang vermëssten Duerftraditioun nees opliewen: e Bal op Kiermessamschdeg den 20. November 2021 am Centre Culturel zu Menster. 🚨
Ab 18.00 Auer: Kiermesteller - klassesch oder mat Kéis - 18€ (nëmmen op Reservatioun)
Zerwéiert gi gutt gefëllte Kiermestelleren mat allerlee Ham a Charcuterie oder mat Kéis.
D'Reservatiounen lafen ab dem 02.11. iwwer den Tel. 661 727 854 (MO-FR / 17:00-18:00) oder iwwer folgende Formular: https://forms.gle/4AwPTF7GwfRY5qSR7
Ab 21.00 Auer: Kiermesbal mat Karaoke - 5€ (nëmmen Oweskeess)
Fir d'Kiermes ze feieren, gëtt ab deem Moment Plaz fir ze Danze gemaach, an déi ganz Kéng kënnen am Karaoke hiert d'Gesangstalent ënner Beweis stellen (oder och net 😬). 👩🎤🧑🎤
Fir genuch Gedrénks an géint de klengen Honger tëschenduerch ass natierlech beschtens gesuergt. 🍻🍹
D'DJs vun Audiorent suergen de ganzen Owend fir mega Stëmmung mat de beschte Lidder fir matzedanzen a matzesangen.